NEW Educateur diplômé / en formation (M/W/NB) - Maison Relais Capellen

arcus asbl | Mamer | LU
Beschreiwung

arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 e kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Se ass am Beräich vun der Aide à lenfance an de Services déducation et daccueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir dKompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou datt dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Se bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleedung suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.

Mir siche fir dMaison Relais Capellen: Educateur diplômé / en formation (M/W/NB) - CDI - 20-30 Stonnen/Woch

An der Maison Relais Capellen gëtt Teamgeescht tëscht dem Personal, de Kanner, den Elteren an der Schoul grouss geschriwwen. 250 Kanner ginn an enger dynamescher Ekipp vu 35 Mataarbechter, fir déi Zesummenhalt, Inklusioun an e gudde Kontakt zu der Famill wichteg ass, empfaangen. Villfälteg Bildungsräim, déi vum pädagogesche Personal kontinuéierlech weiderentwéckelt ginn, stinn de Kanner zur Verfügung. All Mataarbechter huet dMéiglechkeet sech stänneg weider ze entwéckelen, duerch Formatiounen déi ugebuede ginn, ewéi och duerch déi intern Fachberodung.

Responsabilitéiten:
  • Du empfänks a begleeds Kanner vum Cycle 1-4

  • Du wierks bei edukative Projete mat, déi un dBesoine vun de Kanner ugepasst sinn

  • Du ënnerstëtz dKand a senger individueller Entwécklung

  • Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren

Obligatoresch Ufuerderungen
  • Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom oder sichs eng Aarbechtsplaz fir deng Educateursformatioun

  • Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten

  • Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesch schwätzen, all aner Sprooch ass vu Virdeel

Mir bidden
  • DMéiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen

  • Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS

  • En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt, fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen

  • Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou datt du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass

  • En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinärt Aarbechtsëmfeld

(bei enger Astellung froe mir de Casier judiciaire)

Sproochen Luxembourgish; Letzeburgesch German French English Beruffserfarung 0+ years

Information :

  • Company : arcus asbl
  • Position : NEW Educateur diplômé / en formation (M/W/NB) - Maison Relais Capellen
  • Location : Mamer
  • Country : LU

Attention - In the recruitment process, legitimate companies never withdraw fees from candidates. If there are companies that attract interview fees, tests, ticket reservations, etc. it is better to avoid it because there are indications of fraud. If you see something suspicious please contact us: support@jobkos.com

Post Date : 2025-06-09 | Expired Date : 2025-07-09