2 Aides-soignants (m/w/d)

SEAP-2520CDI20-40 h/semDélai de candidature : 03.07.2025

SEAP-2520

Är Aufgaben / Votre mission / Ihre Aufgaben
  • Sécheren, hierstellen a fërdere vu kierperlecher a geeschteger Gesondheet an dem Wuelbefanne vun den uvertraute Bewunner, déi an eisem Altersheem liewen, am Respekt vun hiren individuelle Biographien
  • Duerchféieren a Sécherstelle vun enger qualitativer Grond- a Behandlungsfleeg ( no den « Attributions Infimiers »)
  • Duerchféiere vun enger professioneller Fleeg a Betreiung am Kader vum Gesamtkonzept vum Haus
  • Ëmsetzen an evaluéiere vun den individuelle Fleeg- a Betreiungspläng
  • Duerchféiere vun enger qualitativer Dokumentatioun a Leeschtungsnowäis
  • Duerchféiere vu biographesch orientéierten Aktivitéite fir dBewunner
  • Kommunizéiren ob eng kloer an transparent Aart a Weis
Äre Profil / Votre profil / Ihr Profil
  • Een zu Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Aide-soignant (m/w/d)
  • Beruffserfarung a Weiderbildungen am Beräich Fleeg a Betreiung vun eelere Mënschen
  • Kenntnisser an der lëtzebuergescher Sprooch (Niveau B1)
  • Basis-Computerkenntnisser (MS-Office)
  • Verantwortungsbewosstsinn (Grëndlechkeet, Suergfalt, Zouverlässegkeet, Eegeverantwortung an Dynamismus)
  • Teamfäegkeet, Kooperatiounsfäegkeet a Flexibilitéit
  • Wäertschätzung an Hëllefsbereetschaft
  • Bereetschaft sech mat a fir Mënschen ze engagéieren
Mir bidden / Nous vous offrons / Wir bieten Ihnen
  • 20-40 St/W Aarbechtskontrakt op onbegrenzten Zäit
  • Dës Plazen falen ënnert den SAS-Kollektivvertrag

Am Fall vun enger Ustellung sidd Dir gebiede folgend Dokumenter ofzeginn

  • Droit dexercer
  • Casier judiciaire no 4
  • Führerschäin Klass B
  • Eischt Hëllefscours

Delai fir dKandidatur: 3.7.2025

Wann et fir Iech selbstvertändlech ass, eelere Mënschen ze hëllefen an dozou bäizedroen, hiert Liewen bei ons angenehm ze gestalten, da schéckt ons Är Online-Kandidatur.

(KANDIDATUREN OP PABEIER ODER PER MAIL, GINN NET BERÜCKSICHTEGT)

Contact Ste Elisabeth am Park Directeur: Daniel Marx 19 av Emile Reuter L-2420 Luxembourg Tel: +352 27 45 - 1 www.elisabeth.lu

Information :

  • Company : elisabeth
  • Position : 2 Aides-soignants (m/w/d)
  • Location : Luxembourg
  • Country : LU

Attention - In the recruitment process, legitimate companies never withdraw fees from candidates. If there are companies that attract interview fees, tests, ticket reservations, etc. it is better to avoid it because there are indications of fraud. If you see something suspicious please contact us: support@jobkos.com

Post Date : 2025-06-09 | Expired Date : 2025-07-09