Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Rammerech
arcus asbl. ass eng jonk an dynamesch Organisatioun, déi säit 2015 en kontinuéierleche Wuesstem virzeweisen huet. Sie ass am Beräich vun der Aide à lenfance an de Services déducation et daccueil täteg. Et ass eng léierfäeg Organisatioun, déi Erausfuerderungen erkennt an unhëlt fir dKompetenzen an Erfarunge vu senge Mataarbechter ze stäerken, esou dass dës am Sënn vu Respekt a Wuelwëllen am Déngscht vun aneren agesat kënne ginn. Sie bitt e kollektiivt Aarbechtsëmfeld, dat Eegeninitiativ an Autonomie fërdert a gläichzäiteg fir déi néideg Ënnerstëtzung, Leedung a Begleede suergt. arcus asbl bitt hire Mataarbechter e stabelt a frëndlecht Aarbechtsëmfeld an engem schnellliewege Secteur mat Zukunft.
Mir siche fir dMaison Relais Rammerech : Educateur diplômé (M/W/NB) - CDI - 20-30 Stonnen/Woch
DMaison Relais Rammerech bitt Plaz fir 256 Kanner vun 3 bis 12 Joer a verfüügt iwwer 10 gutt equipéiert Raim. Eng Naturspillplaz an eng Spillplaz fir Kanner vun 3 bis 6 Joer fërderen dBeweegung an Entdeckung. An der direkter Noperschaft kënnen och e Fussballsterrain, eng Sportshal an eng Schwämm genotzt ginn - fir eng dynamesch an ofwiesslungsräich Betreiung.
Responsabilitéiten:
Du empfänks a begleeds dKanner vum Cycle 1-4
Du wierks bei edukative Projete mat, déi un dBesoine vun de Kanner ugepasst sinn
Du ënnerstëtz dKand a senger individueller Entwécklung
Du fërders e reegelméissegen a professionellen Austausch mat den Elteren
Obligatoresch Ufuerderungen:
Du hues een a Lëtzebuerg unerkannten Diplom als Erzéier (Educateur „en formation“ kënnt och a Fro)
Du bass flexibel an den Aarbechtszäiten
Du kanns Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch an Englesh schwätzen (minimum B2)
Mir bidden:
Méiglechkeet an enger engagéierter Organisatioun mat staarke Valeuren ze schaffen
Eng Plaz mat Stabilitéit an enger villverspriechender Zukunft duerch de Kollektivvertrag CCT-SAS
En ënnerstëtzenden an inspiréierende Kader, deen dir Raum bitt fir dech mat dengen Iddien a Kompetenzen anzebréngen
Weiderbildungs- an Entwécklungsméiglechkeeten, esou dass du ëmmer um neiste Stand vun denger Passioun bass
En dynamescht, modernt, agreabelt a multidisziplinär Aarbechtsëmfeld
(bei enger Astellung froen mir de Casier judiciaire)
Langues German Luxembourgish; Letzeburgesch French English Education Diplôme déducateur (14e)Information :
- Company : arcus asbl
- Position : Educateur diplômé (M/W/NB) - Maison Relais Rammerech
- Location : Luxembourg
- Country : LU
Attention - In the recruitment process, legitimate companies never withdraw fees from candidates. If there are companies that attract interview fees, tests, ticket reservations, etc. it is better to avoid it because there are indications of fraud. If you see something suspicious please contact us: support@jobkos.com
Post Date : 2025-06-09 | Expired Date : 2025-07-09